Gemeng Hiefenech


Mir hunn elo d’Joër 2024 an nët all d’Informatiounen, déi een betreffen fennt een op der Internetsäit vun der Gemeng Hiefenech. Dësen Mëssstand huet mech dozou bewegt, fir op menger Säit hei een Deel der Gemeng ze widmen.

Komplementar Informatiounen

Hei fannt dir e puer nëtzlech Links, déi een soss néierens fënnt.

Fräizäit

Bauen an der Gemeng

Gemengerot

Komplementar Walen

Den 14. September 2025 wärten nach Komplementar Walen an der Gemeng stattfannen.

Nodeems d’lescht Joër een Conseiller aus der Gemeng erausgeplennert ass an doduerch huet missen démissionnéiern, huet de Gemengerot décidéiert gehat fir zu 8 (am platz vun 9) weider ze maachen.

Elo ass een aaneren Conseiller aus der Gemeng erausgeplennert an huet dowéinter missen démissionnéieren.

D’Gesetz gesäit fir, dass am Fall wou méi wéi 1 Conseiller demissionnéiert, Komplementar Walen mussen organiséiert ginn.

D’Resultat vun den Komplementarwalen fannt dir hei

Facebook Posts

Hei drënner fannt dir déi läscht 10 Posts vun menger Facebooksäit als Gemengepolitiker. Fir méi Posts ze gesinn gidd op d’Facebook Page.

Tom Leick

1 day 2 hours ago

Hei Ass Eisen Menu du jour fir desst Woch.

Reservéiert och dir ären Dësch

+352 2687342
info@reilander-millen

Tom Leick

1 day 15 hours ago

𝐖𝐞 𝐧𝐞𝐞𝐝 𝐲𝐨𝐮! 🫵

Pour renforcer notre équipe nous cherchons :

𝟭 𝗖𝗼𝗹𝗹𝗮𝗯𝗼𝗿𝗮𝘁𝗲𝘂𝗿 𝗱𝗲 𝗽𝗿𝗼𝗷𝗲𝘁𝘀 𝗻𝗮𝘁𝘂𝗿𝗲 (𝗺/𝗳/𝗱) 𝗮𝘃𝗲𝗰 𝗱𝗶𝗽𝗹𝗼̂𝗺𝗲 𝗱𝗲 𝗳𝗶𝗻 𝗱’𝗲́𝘁𝘂𝗱𝗲𝘀 𝘀𝗲𝗰𝗼𝗻𝗱𝗮𝗶𝗿𝗲𝘀/ 𝗲𝗻𝘀𝗲𝗶𝗴𝗻𝗲𝗺𝗲𝗻𝘁 𝗰𝗹𝗮𝘀𝘀𝗶𝗾𝘂𝗲 𝗼𝘂 𝗴𝗲́𝗻𝗲́𝗿𝗮𝗹

Plus d’infos sur notre site 👇

Tom Leick

1 day 15 hours ago

🇱🇺 Tour vum “Schwaarze Mann” 🥾 (🇬🇧 version below)

D’Société Préhistorique Luxembourgeoise invitéiert op eng guidéiert Wanderung vu ronn 6 km. Lass geet et op der Heringer Millen iert et laanscht d’Fielsebild “Schwaarze Mann” weider bis bei déi mëttelalterlech Ruin vun der Heringerbuerg geet.

👉 Hei alleguer d’Detailer am Iwwerbléck:

✅ Samschdes, de 24. Oktober vu 14 bis 18 Auer am Mëllerdall

✅ D’Participatioun ass gratis

✅ Informatioune ginn et op LU, DE, FR, EN

✅ Umeldung iwwer zfrmz.eu/csahiAaPji9SuBN1OlRb
——
🇬🇧 The Société Préhistorique Luxembourgeoise invites you to join a guided hike of around 6 km. Starting at Heringer Millen, the route takes you past the rock formation known as “Schwaarze Mann” and continues to the medieval ruins of Heringerburg Castle.

👉 Here are all the details at a glance:

✅ Saturday, 24 October, from 2 pm to 6 pm in the Müllerthal

✅ Free participation

✅ Information available in LU, DE, FR and EN

✅ Registration: zfrmz.eu/csahiAaPji9SuBN1OlRb

Photo: Pierre Haas

Tom Leick

1 day 15 hours ago

Halbzeit
Nach just 9 Deeg zervéiere mir de Wiesn
Duerno ass een anere Burger ” um Programm “
Macht Iech also bai 😉

#follower
#burger
#schnitzel

Tom Leick

1 day 15 hours ago

Réservation au +352 26 47 86 04 🍽️
#menudelasemaine🍴

Tom Leick

3 days 12 hours ago

No engem richteg flotten Concert mam Mike Misfit ass nächsten Sonnden den Smokey Hillbert un der Reih.
Opgepasst, de Concert ass um 15:00 🕒 Auer ☝️☝️☝️

#follower
#concert
#livemusic

Tom Leick

3 days 12 hours ago

Den 28.10. invitéiert forum – für Politik, Gesellschaft und Kultur op e Gespréich tëschent Vertriederinnen a Vertrieder vun de Jugendparteien an zivilgesellschaftlechen Organisatiounen. Nom infernale Summer wollt forum vun de Jugendparteie wëssen, wéi si hir respektiv Mammeparteien dozou beweege wëllen, d’Klimapolitik op d’Neits mat der Prioritéit ze behandelen, déi néideg wier. A wéi soll aus der Siicht vun de Jugendparteien eng zukünfteg Klimapolitik ausgesinn?
D’Jugendparteien an hir Vertrieder:
– Jonk Sozialisten (Mehmed Kuč)
– Jonk Gréng (Maxime Pantaleoni)
– Jonk Demokraten (Steven Milbert)
– Chrëschtlech-Sozial Jugend (Laurent Braun)
– déi jonk Lénk
D’Zivilgesellschaft:
– MECO Mouvement Ecologique (Marc Krier)
– IBLA Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie Luxemburg (Claude Felten)
– Médecins du Monde (Brice Goedert)
– EuroSolar (Paul Zens)
– ASTM (David Hoffmann)
– CELL
Moderatioun: Isabel Spigarelli (Journalistin)
Wann och Dir un dësen Themen interesséiert sidd, kommt laanscht mat eis diskutéieren.
📍 Wéini a wou: 28.10., ab 18h30 an de Rotondes (Plateforme)
🗣️ Sprooch: Lëtzebuergesch
🕛️ Dauer 90 min / keng Umeldung néideg